Your Cart
Loading
Only -1 left
8 reviews

Hypertrophie Training Prinzipien - Letzeboiesch Versioun

On Sale
€29.00
€29.00
Added to cart
8 reviews

D’Buch, dat ech deemols gär gehat hätt!


Wann s du dech scho mol an engem Mier vu géigesätzlechen Fitness-Rotschléi verluer gefillt hues, dann ass dëst d'Kloerheet , no där s'du gesicht hues.


Hypertrophie Training - Prinzipien geet direkt op d’Kärprinzipie vum Muskelopbau an der Kraafttraining eran – dat, wat wierklech Muskelen an Kraaft opbaut.


Kee Blödsinn. Keng Pseudo-Wëssenschaft. Just Joeren un Trainings- an Coachin Erfarung, erofgebrach an einfachen Prinzipien, déi s du direkt ab Haut am Fitness kanns uwenden.


Hei fënns du eraus, firwat déi meescht Leit trainéieren awer nach ëmmer d’Zil verfeelen, wéi s du maximal mechanesch Spannung fir Wuesstem erreechs, wéi s'du déi verschidden Faktoren kontrolléiers fir net um Plaz ze trëppelen, an firwat manner, awer méi schlau Sets dacks besser si wéi endlos „Junk-Volumen“.


Dëst ass net einfach nach en weider Trainingsbuch. Et ass en Fundament. Et sinn Prinzipien op deenen Trainingsfortschrëtter berouen, an déi dech garantéiert zum Erfolleg bréngen.

You will get a PDF (85MB) file

Customer Reviews

Sort

Chris

Verified Buyer

7 months ago

Ganz vill Wessen fier weineg Geld!

Reply from creator

Joris P.

Verified Buyer

7 months ago

Gamechanger

Buch verdéngt absolut déi Bewäertungen déi bis lo geschriwwen goufen.
Ech sinn säit Joren Sport passionéiert a ëmmer op der Sich mäin Wëssen ze verbesseren.
Ech konnt aus dësem Buch vill raus zeien an direkt am Training ëmsetzen.
Ech denken dëst Buch ass eng Beräicherung fir jiddereen op Ufänger oder fortgeschretten Athleten.
Absolut empfeelenswäert fir all déi en True Progress wëllen.

Merci fir deng Arabescht
Reply from creator

David

Verified Buyer

7 months ago

Easy to understand

Alles waat een muss wëssen, esou einfach erklärt fir dat och jiddereen et versteet. Keen bla bla, direkt op den Punkt, esou wei et soll sinn. ganz angenehm ze liesen, an dat vun engem deen absolut Liesfaul ass ;).
Reply from creator

Anonymous

Verified Buyer

7 months ago

Einfach kuerz a knapp op de Punkt bruecht, kloer an verständlech!

Desen E-Book ass mir perseinlech wierklech eng grouss Beraicherung well et einfach kuerz a knapp, suguer engem newbie an dear ganzer Thematik, verständlech dei wichtegst Prinzipien mei no brengt an och einfach an kloer erklärt wat een betruechten soll wann een en effizienten an zilfeierenden Training well absolveieren. Ech haat vill Aha-Momenter, an ech konnt och wichteg Usätz draus zeihen dei ech an mengem Training emsetzen kann fir an dei richteg Richtung ze kommen / mengem Zil mei no ze kommen.
Mir huet desen E-book eng retsch Erkenntnisser bruecht an eng Reih vun Tipps geschenkt, dei ech direkt an mengem Training emsetzen weart.
Reply from creator

Sandra

Verified Buyer

7 months ago

E Buch waat jiddereen gelies soll hun

Ech mengen net just, ech sin souguer dovun iwerzeegt dass och den erfuerenen Athlet extrem vill aus desem Buch zéien kann. Zumols an enger Welt wou gefillt honnert Quellen eppes aanecht soen an een guer net méi wees waat richteg an waat falsch ass, ass dësst Buch en richtegen Seegen well einfach ALL wichteg Informatiounen an engem eenzegen Buch ze fannen sin. Merci dass du dain Wëssen mat eis deels! An hoffentleg kënnt geschwënn daat next E-Book.
Reply from creator